Lëscht vun den UNO-Organer
From Wikipedia, the free encyclopedia
Dës Lëscht vun den UNO-Organer ass en Deel vun de Referenztabellen
Zanter hirer Grënnung 1945 huet d'Haaptorganisatioun vun de Vereenten Natiounen en enormt Netzwierk un Ënner- an Niewenorganisatioune ronderëm hir sechs Haaptorganer opgebaut. En ettlech Kommissiounen an Departementer hunn eng reng bürokratesch oder technesch Funktioun, anerer sinn héichspezialiséiert hallefautonom Organisatiounen an Agencë. En drëtte Grupp sinn Institutiounen déi zwar -strikt gesinn- rechtlech net méi zum UNO-Apparat gehéieren, duerch Traitéen awer enk un e gebonne sinn.
Déi meescht -net reng bürokratesch- Ënnerorganisatioune gi vum Wirtschafts- a Sozialrot koordinéiert.
Nieft deem datt all sekundär Organer op verschiddenen Niveauen operéieren, gëllt fir s'all, datt se keng selbstänneg politesch Decisiounen huele kennen. Politesch Entscheedunge gi nëmmen um Niveau vun den Haaptorganer getraff a si sinn et och déi eleng vëlkerechtleche Status hunn.