![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/df/Armoiries_Luxembourg-Ligny.png/640px-Armoiries_Luxembourg-Ligny.png&w=640&q=50)
Lëscht vun de Grofe vu Ligny
Wikimedia-Lëschtenartikel / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Hären, spéider Grofe vu Ligny, waren am Mëttelater d'Häre vum Fief Ligny-en-Barrois. 1240 huet den Henri II. vu Bar senger Duechter Marguerite d'Herrschaft iwwer Ligny-en-Barrois als Dott gi fir hiert Bestietnes mam Heinrich V. vu Lëtzebuerg. Den Heinrich huet et sengem jéngere Jong Walram vermaach, deen an der Schluecht vu Worringen gestuerwen ass.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/df/Armoiries_Luxembourg-Ligny.png/320px-Armoiries_Luxembourg-Ligny.png)
1364 gouf se zu enger Grofschaft erhuewen, an ass am Haus Lëtzebuerg a sengen Nofollger bliwwen (mat enger Ënnerbriechung 1476–1510) bis 1719, wéi d'Grofschaft un den Herzog vu Loutrengen verkaf gouf.