Kurt Waldheim
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Kurt Josef Waldheim, gebuer den 21. Dezember 1918 zu Sankt Andrä-Wördern, Nidderéisträich a gestuerwen de 14. Juni 2007 zu Wien, war en éisträicheschen Diplomat a Politiker (ÖVP). Hie war vun 1972 bis 1981 UN-Generalsekretär a vun 1986 bis 1992 éisträichesche Bundespresident.
Kurt Waldheim | |
---|---|
Gebuer |
21. Dezember 1918 St. Andrä-Wördern |
Gestuerwen |
14. Juni 2007 Wien |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | Éisträich, Däitscht Räich 1933–1945 |
Educatioun | Universitéit Wien |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Autobiograph, Militär, Affekot |
Seng Amtszäit un der Spëtzt vu sengem Land stoung am Schiet vu Revelatioune vun der Zäitschrëft profil, e puer Wochen ier e gewielt gouf, datt de Waldheim a senger Autobiographie iwwer säi Behuele an der Zäit vum Nationalsozialismus a vum Zweete Weltkrich gelunn hat; e gouf awer gewielt. Eng international Historikerkommissioun ass 1988 zu der Conclusioun komm datt de Waldheim, dee Wehrmachts-Offizéier war, zwar "perséinlech sech näischt zu Schold komme gelooss huet" an him "keng Bedeelegung u Krichsverbriechen" nozeweise wieren, mä en awer net hätt kënnen näischt wëssen iwwer d'Deportatioun vu 40.000 Judden aus Thessaloniki oder d'Massaker, déi d'Wehrmacht a Westbosnien ugeriicht hat.
Och gouf him virgeworf, hien hätt wëlle seng militäresch Vergaangenheet an de Vergiess gerode loossen, oder, wann dat net méiglech wier, se systematesch verharmloost ze hunn.