Duechter vum Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg an Helleg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kunigunde vu Lëtzebuerg (och nachg Helleg Kunigunde; an der franséischer Schreifweis: Cunégonde), gebuer 978 an der Grofschaft Lëtzebuerg als 6. vun 11 Kanner a gestuerwen den 3. Mäerz 1033 oder 1039 zu Kaufungen, war d'Duechter vum Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg an d'Fra vum däitsche Keeser Heinrich II., genannt den Hellegen oder de Schlammen, e Koseng vum Keeser Otto III.
Hl. Kunigunde | |
---|---|
Statu vun der Kinnigin Kunigunde op der Unteren Brücke zu Bamberg | |
Titel | |
Titel | Kinnek |
Biographie | |
Gebuer |
978 jul. Grofschaft Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 3. Mäerz 1033 (oder: 1039) |
Graf | Bamberger Doum |
Nationalitéit | Grofschaft Lëtzebuerg |
Papp | Siegfried vu Lëtzebuerg |
Mamm | Hedwig vum Nordgau |
Geschwëster | Luitgard, Heinrich I. vu Lëtzebuerg, Friedrich vu Lëtzebuerg, Thierry vu Lëtzebuerg, Adalbero vu Lëtzebuerg, Giselbert |
Aktivitéit |
chrëschtlech Nonn, Souverain |
Aner Informatiounen | |
Reliéisen Uerden | Benediktiner |
Statut | Hellegen (29. Mäerz 1200 (julianesch)) |
Gedenkdag | 3. Mäerz |
998 gouf si mam Heinrich II. bestuet. Als Houchzäitscadeau krut si d'Stad Bamberg geschenkt.
1002, zwéi Méint nodeem hire Mann zum Kinnek gewielt gouf, gouf d'Kunigunde zu Paderborn vum Äerzbëschof Willigis zur Kinnigin gekréint.
1007 huet den Heinrich II. de Bistum Bamberg gegrënnt. Doropshin huet d'Kunigunde op Bamberg verzicht an deem neie Bistum d'Stad geschenkt. Si huet sech awer weiderhi staark fir Bamberg agesat. Op hir Initiativ hi goufen de Bamberger Doum, d'Stephanskierch an d'Klouschter Sankt Michael gebaut.
1008 krut si, als Ausgläich, de Kinnekshaff Kassel. No bei Kassel huet si dunn d'Benediktinerabtei Kaufungen baue gelooss.
14. Februar 1014: Den Heinrich gëtt zu Roum vum Poopst Benedikt VIII. zum Keeser gekréint an d'Kunigunde gëtt imperatrix augusta, consors regni.
1025, ee Joer nom Doud vun hirem Mann, huet si sech als einfach Nonn an d'Klouschter Kaufungen zeréckgezunn. Do ass se 1033 (oder 1039) gestuerwen, a gouf an der Kathedral vu Bamberg, nieft hirem Mann, begruewen.
De Prozess vun der Kanonisatioun ass schonn zur Zäit vum Poopst Coelestin III. (1191-1198) ageleet ginn, mä si sollt eréischt den 29. Mäerz 1200 vum Poopst Innozenz III. helleggesprach ginn.
Si gëllt als d'Patréinesch
Der Kunigunde vu Lëtzebuerg hiren Dag ass den 3. Mäerz; zu Lëtzebuerg (an an der evangeelescher Kierch) ass et den 13. Juli.
Si ass de Patréinesch vun de Kanner a vun de schwangere Fraen.
Fir un d'Kunigunde vu Lëtzebuerg z'erënneren, ass a Clausen eng Plaz (Place Sainte-Cunégonde) an zu Mamer eng Strooss (Rue Cunégonde) no hir genannt.
Commons: Kunigunde vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.