From Wikipedia, the free encyclopedia
De Krim-Observatoire ass en astrophysikaleschen Observatoire op der ukrainescher Hallefinsel Krim.
Déi fréier sowjetesch Ariichtung besteet haut
Den Observatoire zu Simejis existéiert schonn zanter 1900. Deemools gouf en als Privatobservatoire gegrënnt a spéider 1912 vum Pulkowo-Observatoire (südlech vu Sankt Petersburg) als südlech Sektioun iwwerholl. No der Zerstéierung am Zweete Weltkrich gouf e bis 1948 nees opgebaut.
D'Ariichtung zu Nautschnyj ass net sou al a gouf eréischt 1949 fäerdeggestallt. Nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun gehéiert den Observatoire zu der Ukrain, allerdéngs gëtt et nieft der Zesummenaarbecht mat europäesche Wëssenschaftler och eng enk Kooperatioun mat Russland.
Den Observatoire huet e 65 cm Maksutov-Teleskop, zwéi Reflektere mat 1,2 m an 2,6 m Ëffnung, e Koronograph, zwéi Sonnentierm an e 40 cm Duebelastrograph. Ausserdeem ass zu Simejis en 22 m Radioteleskop.
Zu Nautschnyj ass och nach déi d'Süd-Sektioun vum staatleche Sternberg-Institut fir Astronomie vun der Moskauer Lomonossow-Universitéit ënnerbruecht.
De Fuerschungsschwéierpunkt vum Observatoire läit op de Gebidder vun der Sonnephysik, Duebelstäresystemer, Radialvitess vu Stären a Quasaren.
Commons: Krim-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.