Kraków
From Wikipedia, the free encyclopedia
Kraków ([ˈkrakuf]; op Däitsch: Krakau) ass eng Groussstad op der Wisła, am Süde vu Polen, an Haaptstad vun der Woiwodschaft Klengpolen. Mat ronn 766.000 Awunner, respektiv 1,4 Milliounen Awunner an der grousser Agglomeratioun ass Kraków (Krakau) déi zweetgréisst Stad vu Polen. Den historesche Kär zitt all Joer ca. 9 Milliounen Touristen un. Déi fréier Haaptstad vum Kinnekräich Polen ass am Zweete Weltkrich, anescht wéi Warschau a vill aner polnesch Stied, net zerstéiert ginn. An dëser eelster polnescher Universitéitsstad liewen iwwer 210.000 Studenten.
Séier Fakten Land, Vewaltungseenheet ...
Kraków | |
---|---|
D'Alstad vu Kraków | |
Land | Polen |
Vewaltungseenheet | Woiwodschaft Klengpolen |
Awunner | 804.237 |
30. Juni 2023 | |
Fläch | 326,85 |
Héicht | 188–393 |
Koordinaten | 50°3′41″N 19°56′18″E |
Telefonszon | 12 |
Postcode | 30-001 |
Websäit | http://www.krakow.pl/ |
Zoumaachen