![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/14/Hamburg.Kontorhausviertel.wmt.jpg/640px-Hamburg.Kontorhausviertel.wmt.jpg&w=640&q=50)
Kontorhaus-Quartier
From Wikipedia, the free encyclopedia
Kontorhaus-Quartier (Kontorhausviertel) gëtt de südëstlechen Deel vun der Hamburger Alstad genannt, deen ongeféier vun der Steinstraße, dem Meßberg, dem Klosterwall an der Brandstwiete begrenzt gëtt. Säi Kennzeeche sinn déi grouss Kontorhaiser am Stil vum Zillenexpressionismus vum fréien 20. Joerhonnert. De Burchardplatz ass den zentralen Deel vum Quartier.
Séier Fakten Verwaltung, Land ...
![]() | |
Verwaltung | |
---|---|
Land | Däitschland |
Gemeng | Hamburg |
Geographie | |
Koordinaten | 53°32'56"N, 10°0'6"O |
Transport | |
![]() |
Zoumaachen
Am Juli 2015 gouf en Deel dovu vun der Unesco, zesumme mam Chilehaus, dat dra steet, a mat der Speicherstadt, als Weltierwe klasséiert.
Markant Gebaier am Quartier sinn d'Miramarhaus, d'Chilehaus, de Meßberghof, de Sprinkenhof, de Montanhof, d'Hubertushaus, d'Bartholomayhaus, de Mohlenhof an den Altstädter Hof.