Konstitutionell Garde vum Kinnek
From Wikipedia, the free encyclopedia
Wéi sech d'Assemblée constituante den 3. September 1791 opgeléist huet, huet si en Dekreet erausginn, dat gesot huet, datt de Kinnek d'Recht op eng Konstitutionell Garde hätt.
Dës krut den Numm Garde constitutionnelle du Roi oder och Garde Brissac. Dës Garde war den Nofollger vun de véier Leifgarde vum Militäreschen Haus vum Kinnek no der Flucht op Varennes den 21. Juni 1791, och wa verschidde Jakobiner dogéint waren.
D'Kreatioun vun dëser Garde war schonn an der Constitutioun vu 1790 virgesinn, mä de Louis XVI. hat dëst Gesetz net un d'grouss Klack gehaangen, fir seng al Garden ze behalen.