Klimatologie
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Klimatologie ass eng interdisziplinär Wëssenschaft aus de Fachberäicher Meteorologie, Geographie, Geologie, Ozeanographie a Physik. Se erfuerscht d'Gesetzméissegkeete vum Klima, also dem duerchschnëttlechen Zoustand vun der Atmosphär op enger bestëmmter Plaz, mat hëllef vu statistescher Methodik.
![]() |
Dëse Meteorologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Gesetzméissegkeete resultéieren aus der laangfristeger Beobachtung vun der Stralung, der Temperatur, dem Loftdrock, dem Wand an de Wandsystemer an dem Nidderschlag, souwéi de geographesche Faktoren, wéi Längen- a Breedegrad, Héicht, Gestalt vun der Uewerfläch, Beschafenheet vum Buedem a Vegetatioun an doriwwer eraus aus den Erkenntnesser aus der Atmosphärephysik an der Paleoklimatologie.