Kirkwood-Fräiraum
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kirkwoodplazen an der Haaptasteroidenceinture entspriechen de Bunne mat Ëmlafzäiten, déi an engem ganzzuelege Verhältnes zu der Ëmlafzäit vum Jupiter stinn. Asteroide mat dëse Bunne kënnen net iwwer laang Zäit do existéiieren, well d'Resonanze mam Jupiter optrieden.
D'Verhältnes vun den Ëmlafzäite bréngt et mat sech, datt op e sou een Asteroid periodesch déi grouss Gravitatioun vum Jupiter wierke kann. Als Folleg dovu gëtt den Asteroid aus dëser Bunn no bannen oder baussen hin ofgeleet. An der Verdeelung vun de grousse Bunnhallefachsen resp. Ëmlafzäiten entsteet e Fräiraum.
E Verhältnes vu 5:2 beispillsweis seet, datt d'Dauer vu fënnef Ëmleef vum Asteroid gläich der Dauer vun zwéi Jupiterëmleef ass. Well de Jupiter 11,86 Joer fir e Sonnenëmlaf baucht, widderhuele sech all 23,72 Joer d'Verhältnesser fir en Asteroid mat 4,74 Joer Ëmlafzäit.
De Fräiraum gouf nom Daniel Kirkwood genannt, deen déi Plazen am Joer 1866 no statisteschen Ënnersich vun de grousse Bunnhallefachsen entdeckt hat.