![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/84/Kirche_Hoscheid_01.jpg/640px-Kirche_Hoscheid_01.jpg&w=640&q=50)
Kierch Houschent
kathoulesch Kierch an der Gemeng Parc Housen / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Houschent ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.
Méi Informatiounen Par, Dekanat ...
| ||||
---|---|---|---|---|
![]() Parkierch vun Houschent (2015) | ||||
Uertschaft / Plaz | Houschent | |||
Par | Parc Our Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Schutzengelen | |||
Baujoer | 1831 | |||
Koordinaten | 49° 56’ 45.1’’ N 06° 04’ 45.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Zoumaachen
D'Kierch ass den hellege Schutzengele geweit, deenen hiert Fest den 2. Oktober gefeiert gëtt. Niewepatréiner sinn den hellegen Celsus an den hellegen Antonius.
D'Kierch steet op der Kräizung vum Lisseneck mat dem Burewee, nieft dem fréiere Gemengenhaus.
Zur fréierer Par Houschent huet ausser der Parkierch vun Houschent och nach d'Kapell an der Houschter Déckt gehéiert. D'Kierch vun Houschent huet 3 Klacken déi am Schlagtoun Fa Mib an Do och genannt f" es" c" lauden