kathoulesch Kierch From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kierch zu Beeler ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vu Beeler (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Beeler | |||
Par | Ëlwen–Wäiswampich Saint-François | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Odilia | |||
Baujoer | 1857 | |||
Koordinaten | 50° 09’ 50.0’’ N 06° 05’ 18.0’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Odilia, där hiert Fest de 14. Dezember gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellege Valentin.
D'Kierch steet zentral an der Uertschaft un der Duarrefstrooss, dem CR335. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. Nieft dem Kierchenagank ass de Monument aux Morts fir d'Affer vum Zweete Weltkrich.
D'Kierch staamt aus dem Joer 1857 an entsprécht engem typesch ländleche Stil. Mam Bau vun der Kierch huet Beeler sech vun der Par Wäiswampech geléist an ass eng eege Par ginn. An der Kierch steet e prächtege, restauréierten Haaptaltor.
D'Beeler Kierch huet dräi Klacken am Tuerm hänken déi am Schlagtoun Sol, Fa Dièze a Mib lauden.
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Beeler, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Beeler huet ausser der Parkierch vu Beeler och nach d'Filialkierch vu Leetem gehéiert.
Commons: Kierch Beeler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.