Schacherëffnung From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Keres-Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner dem Schlëssel A40 klassifizéiert.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der indescher Keres-Verdeedegung. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Keres-Verdeedegung (Homonymie). |
Zich | 1. d4 e6 2. c4 Lb4+ |
---|---|
ECO | A40 |
Benannt no | Paul Keres |
Aner Nimm | Känguru-Verdeedegung, Franco-Indesch Verdeedegung |
D'Keres-Verdeedegung fänkt mat de follgenden Zich un:
Déi selwecht Stellung kann och iwwer d'Englesch Erëffnung 1. c4 e6 2. d4 Lb4+ erreecht ginn.
Wäiss huet véier méiglech Zich fir dem Leeferschach ze begéinen, wouvun 3. Dd2?? allerdéngs net spillbar ass, well Wäiss doduerch just Material verléiert. Dohier bleiwen nach 3. Ld2, 3. Sc3 an 3. Sd2.
Op 3. Ld2 ka Schwaarz säin ugegraffene Leefer entweeder mat 3.... Lxd2+ oftauschen oder mat 3.... a5, 3.... De7 oder 3.... c5 decken.
Den Zuch 3. Sc3 bitt Schwaarz vill Transpositiounsméiglechkeeten. No 3.... Sf6 entsteet d'Nimzo-Indesch Verdeedegung, no 3.... f5 d'Hollännesch Verdeedegung, no 3.... d5 eng ongewéinlech Form vum ofgeleenten Dammegambit an no 3.... b6 d'Englesch Verdeedegung. Eng aner Méiglechkeet ass 3.... c5, wourop d'Partie nach ëmmer mat 4. e3 Sf6 an de Rubinstein-System vum Nimzo-Indeschen iwwergoe kann, allerdéngs féiert 3. d5 zu onofhängege Varianten.
No 3. Sd2 huet Schwaarz prinzipiell déi selwecht Transpositiounsméiglechkeete wéi no 3. Sc3, just datt 3.... Sf6 4. Sf3 zur Bogo-Indescher Verdeedegung féiert. Allerdéngs kritt Schwaarz hei mat 3.... c5!? en einfacht Spill.
An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Keres-Verdeedegung ënner dem Schlëssel A40 klassifizéiert.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.