Donatuskapell op der Wuermer Köppchen
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Donatuskapell op der Wuermer Köppchen ass eng kleng Kapell, déi tëscht 1925 an 1927 zu Wuermer op der Köppchen an de Wéngerten zu Éiere vum hellegen Donatus gebaut gouf[1].
Méi Informatiounen Donatuskapellop der Wuermer Köppchen, Baujoer ...
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Wuermer Köppchen | |||
Baujoer | 1925-1927 | |||
Koordinaten | 49° 36’ 52.0’’ N 06° 24’ 21.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Zoumaachen
Se steet op enger Héicht vun 241 m (NG-L), zirka 100 m méi héich wéi den Niveau vun der Musel, an ass vu wäit hier ze gesinn. Vun do huet een e wonnerbaren Iwwerbléck iwwer de Museldall an d'Uertschafte Wuermer, de Wuermer Bierg an op Wëncher op der däitscher Säit vun der Musel. Se ass am Laf vun der Zäit de Symbol vun der Uertschaft ginn.