From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kaarteschléierei ass d'hypothetesch Capacitéit eng Informatioun am Raum an an der Zäit festzestellen ouni seng 5 Sënner ze benotzen. D'Persoun déi déi Fäegkeet huet gëtt Kaarteschléier (Kaarteschléiesch) genannt. Si proposéiert de Leit Consultatioune fir hir Zukunft virauszesoen. D'Kaarteschléierei huet kee wëssenschaftlecht Fundament mä ass eng populär a lukrativ Aktivitéit, déi souguer eng Ausstellung a Frankräich huet[1].
D'Kaarteschléierei ass eng Form vun Divinatioun, déi een an den anticken Zivilisatiounen erëmfanne kann. Et fënnt een d'Wuert "Kaarteschléier" (rishi) an den eelste vedeschen Texter[2],[3]. Bei den Ale Griichen, kënnt d'Méiglechkeet vum Viraussoe vun der Zukunft vun der Iddi, datt d'Gëtter, wann ee fir si gebiet huet, engem reegelméisseg Revelatiounen accordéiert huet iwwer de Wee vun Auguren. Et ënnerscheet een zanter dem Cicero[4] zwou Zorte vun Divinatioun: d'Kaarteschléierei an d'Mantik. Allebéid gehéieren zu der Viraussoekonscht, mä ënnerscheede sech bei de Methoden déi benotzt gi fir un d'Zil ze kommen. D'Kaarteschléierei ass intuitiv, d'Mantik ass kënschtlech, induktiv an technesch mat Hëllef vum Ënnersiche vun Träipe vun engem Déier, der Astrologie etc.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.