From Wikipedia, the free encyclopedia
E Këssen, och Pillem genannt, ass eng Zort stoftene Sak, dee mat mëllem Material gefëllt ass a geduecht ass fir sech drop ze setzen oder derwidder ze stäipen, resp. de Kapp drop ze leeën. Am leschte Fall schwätzt een och vun engem Kappkëssen oder Kapppillem.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sëtz-, Stäip- oder Raschtutensil. Fir d'Verb këssen, kuckt wgl. Kuss. |
E Këssen huet gewéinlech baussen eng Housse oder, wann d'Housse soll kënne gewäsch ginn, eng Bannen- an eng Baussenhousse, wouvun déi baussentst dacks dekoréiert ass, sief et duerch Brodéieren, sief et duerch faarwegen Drock oder agewiefte Musteren. Fir d'Housse vum Kappkësse gëtt och den Ausdrock Kappzich gebraucht. Bannendra si Kësse mat mëllem Material gefëllt, wéi Staf oder Plommen, syntheetesche Moussen, asw.
Commons: Këssen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wiktionnaire: Këssen Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.