Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
De Käschtebam bei Branebuerg ass e Wëlle Käschtebam (Aesculus hippocastanum, (fr)marronnier commun, (de)Gewöhnliche Rosskastanie) dee bei Branebuerg an der Gemeng Tandel steet an zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.
Käschtebam bei Branebuerg | |
---|---|
De Käschtebam am Februar 2024 | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Tandel |
Plaz | Branebuerg |
Adress | Heedebierg, Weschterbaach |
Koordinaten | 49°54'39,67"N, 6°9'6,19"O |
Bamaart | Wëlle Käschtebam |
Héicht | 15,5 m (2023) |
Duerchmiesser | 1,19 m (2023) |
Ëmfang | 3,74 m (2023) |
De Bam steet am Flouer Heedebierg / Weschterbaach, ëstlech vu Branebuerg an der Sektioun Baastenduerf vun der Gemeng Tandel. Et gesäit een de Bam wann ee vu Baastenduerf aus iwwer den CR352 a Richtung Groestee fiert, ronn 2,5 km nom Enn vum Duerf, lénkssäiteg vun der Strooss.
De Käschtebam deen isoléiert an der Landschaft steet huet weeder en aussergewéinlechen Alter, Ëmfang oder Héicht, nach eng speziell Form oder eng extra Kroun. Et ass e klassesche Wëlle Käschtebam deen eleng an als Unhaltspunkt an der Landschaft steet.
Ëm 2023 konnt gesi ginn, datt e Bam net méi an engem ganz gudden Zoustand ass, well en décken Aascht ofgebrach ass an doduerch Waasser an de Bam andréngt.
Et ass net genee gewosst wéi al de Bam ass, e gouf awer warscheinlech um Enn vum 19. Joerhonnert geplanzt, wéi d'Weekräiz ënnert dem Bam opgeriicht gouf.
Am Rampli nieft dem Bam goufen am Zweete Weltkrich Läiche vun däitschen Zaldote provisoresch do begruewen, ier se dunn nom Krich definitiv op enger anerer Plaz bäigesat goufen.
Nieft dem Bam erënnert och nach e Gedenksteen un de Weckerings Mett, deen de 17. Mäerz 1945 op der Strooss duerch Tellerminnen ëmkoum.
Commons: Käschtebam bei Branebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.