Junji Itō
Mangaka From Wikipedia, the free encyclopedia
Mangaka From Wikipedia, the free encyclopedia
De Junji Itō (jap. 伊藤 潤二, Itō Junji), gebuer den 31. Juli 1963,Borreliosis ass e japanesche Mangaka. D'Majoritéit vu senge Wierker, mat deenen hie bekannt gouf, gehéiert zum japaneschen Horror-Genre. Dozou zielen Tomie, e Manga dee vun engem onstierfleche Meedchen handelt, dat d'Männer, déi an hatt verléift sinn, wéi och Fraen, an de Wansinn dreift, souwéi Uzumaki, e Manga, dee vun der fiktionaler Stad Kurōzu-cho handelt, déi vun engem iwwernatierleche Fluch betraff ass, an d'Awunner doduerch verréckt ginn, a Gyo, eng Geschicht, déi vu Fësch handelt, déi duerch eng Bakteerien mam Numm Doudesgeroch/-gestank kontrolléiert ginn, an déi zu Fouss Koppele verfollegen.
Junji Itō | |
---|---|
Gebuer | 31. Juli 1963 |
Nationalitéit | Japan |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Mangaka, Dréibuchauteur |
Am Joer 2006 huet hie sech mat der Ishiguro Ayako (石黒亜矢子), enger japanescher Zeechnerin a Grafikerin, bestuet, a si kruten zwee Kanner.
Scho vu Klengem u gouf de Junji Itō vu sengen zwou eelere Schwësteren hiren Zeechnungen inspiréiert. Hie gouf och vum Kazuo Umezu (楳図 かずお), engem japaneschen Horror a Manga-Auteur beaflosst.
1987 huet hie fir d'éischt Kéier mat enger Kuerzgeschicht beim Concours vun der Zäitschrëft Gekkan Halloween matgemaach. Dobäi huet hien den Umezu-Präis, fir Horror-Zeechner, gewonnen. Déi Kuerzgeschicht gouf nach am nämmlechte Joer weiderentwéckelt a spéiderhin ënnert dem Numm Tomie publizéiert. De Junji Itō huet spéider och fir aner Zäitschrëfte geschafft, ënner anerem fir den Asahi-Sonorama-Verlag, Nemuki, a weiderhin aner Geschichte fir Gekkan-Halloween geschriwwen. Hien huet och géint Enn vun den 1990er fir d'Mainstream-Zäitschrëft Shōgakukan, déi zu engem vun de bekanntste Manga-Verlager zielt, als Zeechner geschafft. Vun 1998 bis 1999, huet hie fir d'Zäitschrëft Big Comic Spirits geschafft, eng japanesch Manga-Zäitschrëft déi all Mount erauskënnt an u jonk Männer geriicht ass (Seinen). Hien huet an där Zäitschrëft ee vu senge bekanntste Mangae publizéiert, Uzumaki. Dat Wierk gouf an dräi Bänn, op ongeféier 570 Säite publizéiert.
D'Welten, déi de Junji Itō a senge Geschichte kreéiert, si grausam. D'Personnagen a senge Geschichte stellt hien dacks als Affer vu béisen an onnatierlechen Ëmstänn duer. Sujeten, déi méi dacks a senge Mangae virkomme si Body-Horror-Duerstellunge vun grapheschen a gewalttätege Modifikatioune vum mënschleche Kierper, den Ënnergang vun der Gesellschaft, Ënnerwaasser-Organismen, anscheinend alldeeglech Personnagen, déi aus onerklärleche Grënn ufänken, irrational ze handelen, wéi och d'Onvermeidlechkeet vum Doud. Hie kreéiert net nëmme Geschichten, déi hie selwer erfonnt huet, mä adaptéiert och Geschichten als Manga, déi et scho virdru gouf. Ssou huet hien der Mary Shelley hire Roman Frankenstein, e Roman iwwer den Dr. Victor von Frankenstein a seng monstréis Kreatioun, a sengem eegene Stil als Manga adaptéiert.
Seng Wierker hunn net nëmmen a Japan grousse Succès, mä och am Ausland. D'Majoritéit vu senge Wierker ginn a vill Sproochen iwwersat, dorënner Englesch, Italieenesch, Portugisesch a Franséisch.
Zanter 1999 gouf eng Rei vu senge Mangaen a Kuerzgeschichten a Filmer ëmgesat. De meeschte Succès haten dobäi d'Verfilmunge vu senge bekanntste Wierker, nämlech siwe Verfilmunge vun Tomie, déi am Laf vun 1998 bis 2011 verëffentlecht goufen, sou wéi och den Uzumaki Film, deen 2000 publizéiert ginn ass. De 5. Januar 2018 gouf The Junji Itō Collection (jap. 伊藤潤二『コレクション』) verëffentlecht, fir dem Junji Itō seng 30 Joer Karriär ze feieren. Dës Horror-Anime-Serie ass eng Adaptatioun vun verschiddene Mangaen, déi de Junji Itō am Laf vu sengem Liewen erschaf huet.
Obwuel de Junji Itō sollt zesumme mam Filmregisseur Guillermo del Toro un de Videospiller aus der Rei Silent Hill ze schaffen[1], huet hie schlussendlech missen ofsoen. De Grond dofir war, well hie sech net géif mat Videospiller auskennen. Am Joer 2019 huet de Junji Itō du fir d'éischt Kéier, erëm zesumme mam Guillermo del Toro, un engem Videospill geschafft. Dëst Videospill, Death Stranding, handelt vum Sam Porter Bridges, deen, nom Ënnergang vun der Zivilisatioun, duerch eng verwüüst Landschaft sträift, fir d'Gesellschaft nees zesummenzeféieren an d'Mënschheet vum Ausstierwen ze beschützen. Et erkennt ee staark Zesummenhänk tëscht dem Junji Itō senge Mangaen an dësem Spill. Am Spill selwer huet de Junji Itō och ee Cameo-Optrëtt.[2]
2019 huet de Junji Itō, zesumme mat der Akiko Higashimura, enger japanescher Mangaka, en Eisner Award gewonnen, déi wichtegst amerikanesch Auszeechnung fir Comic-Kreateuren. Dëse Präis huet hie sech mat senger Manga-Adaptatioun vu Frankenstein verdéngt.
Nieft dem Kazuo Umezu huet de Junji Itō och aner bekannt Auteure wéi den H.P. Lovecraft, de Kreateur vum bekannte Cthulhu-Mythos, de Yasutaka Tsutsui an den Hideshi Hino, e weidere japaneschen Horror-Mangaka, zu sengen Aflëss gezielt. Anescht wéi an de konventionellen Horrorgeschichte versicht de Junji Itō einfach Iddien a faszinéierend, fierchterlech, philosophesch Geschichten ëmzewandelen. Amplaz Wäert op déi typesch Horrorklischeeën ze leeën, wéi Monsteren a Mord, versicht hien de Lieser derzou ze bréngen, iwwer existenziell a metaphysesch Froen, zum dacksten iwwer d'Limitte vum Mënschsinn, nozedenken. De Masanao Amano, Auteur vun Manga-Design, e Buch dat de Sujet Manga als Stil a Konschtform behandelt, sou wéi och iwwer déi veschidden Auteuren, dorënner och de Junji Itō, erkläert datt seng Wierker „wonnerschéin gezeechent[3]“ wieren. Och d'Atmosphär, déi hien a senge Mangae kreéiert beschreift de Masanao Amano als „albdramaarteg onerdréiglech“. Dem Junji Itō säi Stil gëtt als „säi ganz eegene Stil[3]“ beschriwwen, sou wéi och, datt „matzen a sengem Horror [...] iergendwou och Komik erkennbar [wier].[3]“
De Manga Tomie gouf an eng Serie vu Filmer adaptéiert, déi zanter Ufank 1999 verëffentlecht goufen.
Commons: Junji Itō – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.