belsch Prinzessin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Joséphine-Charlotte, Ingeborg, Elisabeth, Marie-Josée, Marguerite, Astrid, gebuer den 11. Oktober 1927 zu Bréissel als Prinzessin vun der Belsch, a gestuerwen den 10. Januar 2005 op Schlass Fëschbech war, als d'Fra vum Grand-Duc Jean, Groussherzogin vu Lëtzebuerg.
Joséphine-Charlotte | |
---|---|
Titelen | |
Groussherzogin vu Lëtzebuerg | |
Zäit | Vun 1964 bis 2000 |
Biographie | |
Gebuer | 11. Oktober 1927 |
Gestuerwen |
10. Januar 2005 Schlass Fëschbech |
Bestuet mat | Jean vu Lëtzebuerg |
Papp | Leopold III. vun der Belsch |
Mamm | Astrid vu Schweden |
Geschwëster | Baudouin vun der Belsch, Albert II. vun der Belsch, Alexander vun der Belsch, Marie-Christine vun der Belsch, Maria-Esméralda vun der Belsch, Ingeborg Verdun |
Kanner | Marie-Astrid vu Lëtzebuerg, Henri vu Lëtzebuerg, Jean vu Lëtzebuerg, Margaretha vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg |
D'Prinzessin Joséphine-Charlotte war déi eelst Duechter vum spéidere Kinnek Leopold III. a senger Fra, der Prinzessin Astrid vu Schweden. Hir Kandheet huet se ufanks zu Stuyvenberg verbruecht, 1944 gouf se mat hirem Papp an Däitschland ënner Hausarrest gestallt a goung nom Krich mat hirer Famill op Prégny bei Genf wunnen, wou d'Joséphine-Charlotte Kannerpsychologie studéiert huet.
Den 9. Abrëll 1953 huet si den Ierfgroussherzog Jean vu Lëtzebuerg bestuet. Aus dësem Bestietnes gounge 5 Kanner ervir:
Den 12. November 1964 ass de Prënz Jean senger Mamm Charlotte op de Lëtzebuerger Troun gefollegt, d'Joséphine-Charlotte gouf Groussherzogin.
Vun 1964 un ass d'Joséphine-Charlotte Presidentin vum Lëtzebuerger Lëtzebuerger Roude Kräiz gewiescht an huet eng sëllegen aner Wueltätegkeetsorganisatioune patronéiert. Si war staark u moderner Konscht intresséiert.
D'Philharmonie um Kierchbierg an eng Metrosstatioun zu Bréissel sinn no hir benannt.
Commons: Joséphine-Charlotte vun der Belsch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.