Joseph Noerden
lëtzebuergesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Joseph Noerden, gebuer den 31. Mäerz 1927 zu Esch-Uelzecht, gestuerwen den 2. Mee 1991 zu Berlin, war e lëtzebuergesche Schauspiller, Regisseur, Schauspill-Enseignant an Dichter.
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Joseph Noerden | |
---|---|
Gebuer |
31. Mäerz 1927 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
2. Mee 1991 Berlin |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theaterschauspiller |
Zoumaachen
De Joseph Noerden ass 1945 op Zürich Theaterschauspill studéiere gaangen, wou hie vun 1946 bis 1948 beim Bühnenstudio war. Vun 1949 bis 1953 war hie beim Bertolt Brecht sengem Berliner Ensemble zu Ost-Berlin ugestallt. Vun 1953 bis zu sengem Doud war e beim Schillertheater - Staatliche Schauspielbühnen Berlin.
Hien huet och a Kinos- an Televisiounsfilmer matgespillt, a koum tëscht den 1950er an 1970er och alt ëmmer nees op Lëtzebuerg, wou en ë. a. am Kasemattentheater matgespillt an och Regie gefouert huet.
De Joseph Noerden huet och Gedichter geschriwwen.