Joseph Beuys
däitsche Kënschtler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Joseph Heinrich Beuys, gebuer den 12. Mee 1921 zu Krefeld a gestuerwen den 23. Januar 1986 zu Düsseldorf, war en däitsche Perfomanzkënschtler, Sculpteur, Zeechner, Konschtttheoretiker a Professer op der Kunstakademie Düsseldorf.
Joseph Beuys | |
---|---|
Pseudonym | Boĭs, Iosef, Bojs, Joze, Beuys, Joseph (Joseph Heinrich) |
Gebuer |
12. Mee 1921 Krefeld |
Gestuerwen |
23. Januar 1986 Düsseldorf |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Kunstakademie Düsseldorf |
Aktivitéit | Sculpteur, Choreograph, Moler, Universitéitsprofesser, Illustrateur, Fotograf, Konzeptkënschtler, Graveur, Zeechner, Kënschtler |
De Beuys huet sech a sengem wäitleefege Wierk mat Froen iwwer den Humanismus, d'Sozialphilosophie an d'Anthroposophie auserneegesat. Dat huet notamment zu senger Definitioun vum "erweiderte Konschtbegrëff" an zu der Konzeptioun vun der Sozialer Plastik als Gesamtkonschtwierk, gefouert , an där hien Enn der 1970er Joren d'Gesellschaft an d'Politik opgefuerdert huet, kreativ dodrunner matzeschaffen. Hie gëllt weltwäit als ee vun de bedeitendste Performanzkënschtler vum 20. Joerhonnert.
Zu senge bekanntste Wierker zielen "Filzpak" (1970), e Pak, deen aus engem filze Mantel an Jackett gemaach ass, "I love America and America loves Me" (1974), eng Performance, wou e sech 5 Deeg zesumme mat engem Koyot an e Käfeg aspäre gelooss huet; seng "Fettecken", déi aus engem Koup Fett (Botter, Schmierueleg,...) bestoungen, deen z. B. an den Eck vun engem Zëmmer oder op e Stull geluecht gi war; oder seng "7000 Eechen" déi en ënnert dem Motto "Stadtverwaldung statt Stadtverwaltung" uechter Kassel planze gelooss huet.