lëtzebuergeschen Drécker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Joseph Antoine Léonard Schroell, gebuer den 18. Mäerz 1798 zu Tréier[1] a gestuerwen den 28. September 1865 zu Dikrech[2][3], war e lëtzebuergeschen Drécker an Zeitungsediteur zu Lëtzebuerg.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Joseph Antoine Schroell | |
---|---|
Gebuer |
18. Mäerz 1798 Tréier |
Gestuerwen |
28. September 1865 Dikrech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Drécker |
Famill | |
Kanner | Théophile Schroell |
Hien ass 1822 op Iechternach geplënnert, an 1832 op Dikrech. Do huet hien, no enger Proufnummer datéiert de 25. Februar 1837, den 3. Mäerz 1837 déi éischt Zeitung zu Lëtzebuerg erausginn, déi net an der Stad Lëtzebuerg erauskoum: d'Wochen-Blatt für Bürger und Landleute, dat spéider an Diekircher Wochenblatt ëmgenannt gouf a vun 1849 un den Titel Der Wächter an der Sauer hat.
Hie krut de 7. Januar 1849 duerch Naturalisatioun déi lëtzebuergesch Nationalitéit.[1]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.