Josef Wissarionowitsch Stalin
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Josef Wissarionowitsch Stalin (Иосиф Виссарионович Сталин), gebuer als Iosseb Bessarionis dse Djughaschwili (იოსებ ბესარიონის ძე ჯუღაშვილი) den 18. Dezember 1878 zu Gori a gestuerwen de 5. Mäerz 1953 zu Moskau, war e sowjetesche Politiker mat georgeschen Originnen.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Pseudonym ...
Josef Wissarionowitsch Stalin | |
---|---|
Gebuertsnumm | იოსებ ბესარიონის ძე ჯუღაშვილი |
Pseudonym | Сталин |
Gebuer |
18. Dezember 1878 Gori |
Gestuerwen | 5. Mäerz 1953 |
Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, Sowjetrussland, Sowjetunioun |
Aktivitéit | Politiker, Revolutionär, Publizist, Staatsmann, Linguist |
Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun |
Member vun | Wëssenschaftsakademie vun der URSS |
Famill | |
Bestuet mat | Ekaterina Swanidse, Nadeschda Allilujewa |
Papp | Bessarion Dschugaschwili |
Mamm | Ekaterina Geladze |
Geschwëster | Joseph Davrichachvili |
Kanner | Jakow Dschugaschwili, Konstantin Kuzakov, Wassili Iossifowitsch Stalin, Artjom Fjodorowitsch Sergejew, Swetlana Allilujewa |
Zoumaachen
Wärend senger Zäit un der Spëtzt vun der Sowjetunioun (1920er Jore bi zu sengem Doud 1953) huet en eng totalitär Diktatur erriicht, där eng 20 Millioune Sowjetbierger zum Affer gefall sinn, sief et duerch Hongersnéit am Kader vun der Kollektivéirung vun der Landwirtschaft, politesch "Botzaktiounen" oder Zwangsaarbecht a Stroflager.