From Wikipedia, the free encyclopedia
De Johann von Görlitz, gebuer den 22. Juni 1370 zu Prag, a gestuerwen den 1. Mäerz 1396 am Klouschter Neuzelle, war deen eenzegen Herzog von Görlitz.
Johann vu Görlitz | |
---|---|
Gebuer |
22. Juni 1370 Prag |
Gestuerwen | 1. Mäerz 1396 |
Aktivitéit | Herrscher |
Famill | |
Bestuet mat | Richardis vu Mecklenburg-Schewerin |
Papp | Karel I. vu Lëtzebuerg |
Mamm | Elisabeth vu Pommern |
Geschwëster | Anne vu Béimen, Wenzel II. vu Lëtzebuerg, Sigismund vu Lëtzebuerg |
Kanner | Elisabeth vu Görlitz |
Hie war dat drëtt Kand, am véierte Bestietnes, vum Karel IV. mat der Elisabeth vu Pommern an huet mat dräi Joer d'Titelen "Markgrof vu Mieren" a Markgrof vu "Brandenburg" kritt.
1377 huet de Karel IV. aus der Landvogtei Görlitz an der Oberlausitz en Herzogtum gemaach, zu deem och Territoire vun der ëstlecher Niederlausitz an de südlechen Deel vun der Neumark fehéiert hunn. Tëscht 1386 an 1388 war de Johann och Verwalter vum Herzogtum Lëtzebuerg.
Den 10. Februar 1388 huet hie sech zu Prag mat der Richardis von Mecklenburg-Schwerin bestuet († 1400), enger Duechter vum Albrecht III. vu Meckleburg. Hiert eenzegt Kand war d'Elisabeth, Herzogin vu Görlitz a Lëtzebuerg (1390-1451).
De Johann am Alter vu just 26 Joer, et gëtt ugeholl duerch Gëft, am Klouschter Neuzelle gestuerwen.[1] D'Territoirë vu sengem Herzogtum sinn nees an hir al Grenze vun 1377 zeréckgefall.
Commons: Johann vu Görlitz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.