Jean-Paul II. (Poopst)
Poopst / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Paul II. (lat.: Ioannes Paulus PP. II), biergerlech Karol Józef Wojtyła, gebuer den 18. Mee 1920 zu Wadowice, Polen, a gestuerwen den 2. Abrëll 2005 am Vatikan, war den 264. Poopst an der Geschicht vun der Réimesch-kathoulescher Kierch. Säi Pontifikat huet de 16. Oktober 1978 ugefaangen an huet nohalteg souwuel d'Endphas vum Kale Krich wéi och d'Zäit duerno geprägt. Hie war nom Pius IX. deen Nofollger vum Péitrus, deen am zweetlängsten an der Geschicht amtéiert huet. Den 28. Juni 2005 huet de Séilegspriechungsprozess ugefaangen. Den 1. Mee 2011 huet säi Successeur, de Benedikt XVI. hie séileg gesprach, an de 27. Abrëll 2014 huet deem säi Successeur Franciscus e fir helleg erkläert.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Pseudonym ...
Jean-Paul II. | |
---|---|
Gebuertsnumm | Karol Józef Wojtyła |
Pseudonym | Andrzej Jawień, Stanisław Andrzej Gruda, Piotr Jasień |
Gebuer | 18. Mee 1920 |
Gestuerwen |
2. Abrëll 2005 Roum |
Doudesursaach | Parkinson-Krankheet |
Nationalitéit | Polen |
Aktivitéit | Priister, Dichter, Politiker, Schrëftsteller, Mënscherechtler, Professer, Philosoph, Poopst, Äerzbëschof, kathoulesche Bëschof |
Famill | |
Mamm | Emilia Wojtyła |
Geschwëster | Edmund Wojtyła |
Zoumaachen