From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Janthina janthina ass eng Schleekenaart aus der Gattung vun de Janthina bannent der Famill vun de Janthinidae. Si hunn en Haische mat enger mofer Faarf, a liewe pelagial, d.h. am oppene Mier, andeems se sech um Waasser dreiwe loossen, an zwar mat Hëllef vun enger Zort "Loftmatrass" aus chitinhaltegem Schläim, deen se selwer produzéieren, an un deem se ënnendrënner hänken. Si erniere sech vun Nesseldéieren, absënns vu Jelliskäpp.
Janthina janthina | |||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
En Exemplar mam Loftsak aus Schläim | |||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
Janthina janthina Linnaeus, 1758 |
D'Janthina janthina kënnt an den temperéierte bis tropesche Breete vun dräi Ozeanen, an och am Mëttelmier, vir. [1],[2]
D'Haischen, dat ganz dënn ass, gëtt bis zu 31 mm héich, d'Lach dovu bis zu 22 mm weit. De Schleek huet e grousse Kapp op engem ganz beweeglechen Hals. Déi ganz kleng Ae sëtzen op der Basis vun de Fühleren.
De Schleek ass fir d'éischt e Männchen a gëtt da méi spéit e Weibchen. D'Eeër entwéckle sech am Eeleeder vum Mammendéier, bis dës opplatzen an d'Veliger-Larven ausgestouss ginn. Dës Veliger-Larve liewen dann als Zooplankton, bis sech dodraus e fäerdege Schleek entwéckelt.
Commons: Janthina janthina – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.