International Union of Pure and Applied Chemistry
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'International Union of Pure and Applied Chemistry (IUPAC) (aɪjuːpæk) (Union internationale de chimie pure et appliquée, UICPA) ass am Joer 1919 vu Cheemiker aus der Industrie a vun den Universitéite gegrënnt ginn. Hiert Zil war et, déi weltwäit Kommunikatioun vun de Cheemiker ënnereneen z'erméiglechen an ze fërderen. Zanter 1960 publizéiert si d'Zäitschrëft Pure and Applied Chemistry. An der IUPAC war Lëtzebuerg zäitweis duerch de René Weiss vertrueden.