International Rugby Board
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den International Rugby Board ass de Weltverband vun der Sportaart Rugby Union. E gouf 1886 als International Rugby Football Board (IRFB) vun de Verbänn aus Schottland, Irland a Wales gegrënnt. 1890 ass England, dat am Ufank net wollt matmaachen, als neie Member derbäikomm.
Den Haaptsëtz vum IRB ass an der irescher Haaptstad Dublin. Am Verband sinn 2008, 95 Vollmemberen, 20 associéiert Memberen a sechs Regionalverbänn. Den IRB organiséiert e puer vun de bedeitendsten Turnéieren, virum allem d'Rugby-Union-Weltmeeschterschaft.