![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d4/Institut-de-france-pont-des-arts.jpg/640px-Institut-de-france-pont-des-arts.jpg&w=640&q=50)
Institut de France
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Institut de France ass eng wëssenschaftlech Vereenegung a Frankräich mat Sëtz am Collège des Quatre Nations zu Paräis. Et gouf no der Opléisung vun de kinneklechen Akademië wärend der Franséischer Revolutioun am Joer 1795 als Institut National des Sciences et Arts als Daachorganisatioun an iewescht Organ vun den neien, elo staatlechen Akademien gegrënnt a vereent haut fënnef Organisatiounen:
- Académie française (1634 gegrënnt vum Richelieu)
- Académie des Beaux-Arts (1648 als Académie royale de peinture et de sculpture gegrënnt, dacks ëmbenannt, 1803 nei gegrënnt)
- Académie des Inscriptions et Belles-Lettres (1663 als „Petite Académie“ aus der Académie française erausgaangen)
- Académie des sciences (1666 als kinneklech Akademie gegrënnt)
- Académie des sciences morales et politiques (1832 gegrënnt)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d4/Institut-de-france-pont-des-arts.jpg/640px-Institut-de-france-pont-des-arts.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/2b/Institut_de_France.jpg/640px-Institut_de_France.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/be/Dome_of_Institut_de_France.jpg/320px-Dome_of_Institut_de_France.jpg)
Un der Spëtzt vum Institut de France steet als President de Rektor vun der Académie française.
Den Institut de France gëtt vu Privatentreprisen an Eenzelpersoune gesponsert a gëtt all Joer Publikatiounen iwwer d'Akademien an déi wëssenschaftlech Gesellschaften eraus. Besonnesch gefleegt gëtt déi naturwëssenschaftlech a naturgeschichtlech Fuerschung vum Collège de France a vum Musée national d'histoire naturelle.
Den Institut de France gëtt och en ettlech Präisser eraus, dorënner den Osiris-Präis, den D'Animale-Präis an de Jaffe-Präis.