![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fc/Sfu_shuttle_1.jpg/640px-Sfu_shuttle_1.jpg&w=640&q=50)
Infrared Telescope in Space
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Infrared Telescope in Space (IRTS) war dat éischt japanescht Weltraumteleskop fir den Infraroutberäich.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fc/Sfu_shuttle_1.jpg/320px-Sfu_shuttle_1.jpg)
Den IRTS war e Projet vum japanesche Raumfuerschungsinstitut ISAS. Dat heliumgekillten Teleskop vu 15 cm Duerchmiesser war u Bord vum Méizwecksatellit SFU (Space Flyer Unit), deen den 18. Mäerz 1995 mat enger H-2-Rakéit gestart gouf. Wärend senger Missioun vun 28 Deeg hat den IRTS ongeféier 7 % vum Himmel mat niddreger Opléisung duerchmustert.
Instrumenter waren zwéi Spektrometer fir dat not an dat mëttelst Infrarout, e Wäitinfraroutphotometer, an en Instrument fir d'Himmelskartéierung an den Emissiounlinne vun [CII] bei 157 µm an [OI] bei 63 µm. Nom Enn vun der Missioun gouf de Satellit vun der Space Shuttle Missioun STS-72 agefaangen an op d'Äerd zeréckbruecht.
Den IRTS hat haaptsächlech d'interstellar Matière vun eiser Mëllechstrooss observéiert.