![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/6c/World_Inflation_Rate_2019.png/640px-World_Inflation_Rate_2019.png&w=640&q=50)
Inflatioun
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Wuert Inflatioun, am Lëtzebuergeschen och Präisdeierecht genannt, kënnt vun opblosen (Engl.: inflate) hier.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/6c/World_Inflation_Rate_2019.png/640px-World_Inflation_Rate_2019.png)
D'Inflatioun zeechent sech duerch eng allgemeng Hausse vun de Präisser, wärend enger gewësser Period, aus. Den Index vun de Konsumpräisser erlaabt et, d'Präisevolutioun vun engem Wueren- an Déngschtleeschtungskuerf ze moossen. Seng Zesummestellung soll representativ si fir d'Ausgabe vun engem duerchschnëttleche Stot. Jee nodeem wéi d'Konsumgewunnechten am Laf vun der Zäit änneren, gëtt d'Kompositioun ugepasst.