From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ilja Jefimowitsch Repin (Russesch: Илья́ Ефи́мович Ре́пин), gebuer de 24. Julijul./ 5. August 1844greg. zu Tschugujiw, am Gouvernement Charkow, a gestuerwen den 29. September 1930 zu Kuokkala, dunn a Finnland, haut Repino am Oblast Leningrad, war e russesche Moler.
Ilja Efimowitsch Repin | |
---|---|
Gebuer | 24. Juli 1844 jul. |
Gestuerwen | 29. September 1930 |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich, apatride |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Essayist, Graphiker, Enseignant |
Member vun | Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie |
Hie gëllt als de bedeitendste Vertrieder vum russesche Realismus.
Bekannt si seng Biller, an deenen en d'Liewe vum ukraineschen an dem russesch Vollek moolt a sozial Mëssstänn uprangert (kuckt z. B. säi wuel bekanntst Bild Hallefer op der Wolga). Do dernieft huet hien historesch Evenementer an Zeen gesat a Portraite vu bekannte Leit gemoolt (z. B. dem Michail Glinka, dem Modest Mussorgski, dem Dimitri Mendelejew oder dem Iwan Turgenew).
Hie war spéiderhin e Virbild fir de sowjetesche sozialistesche Realismus, deen awer net un d'Maîtrise vum Repin erukoum.
Den Asteroid (2468) Repin gouf 1988 no him genannt.
Commons: Ilja Jefimowitsch Repin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.