From Wikipedia, the free encyclopedia
Ijewsk (russ. Ижевск, udmurt. Иж) ass d'Haaptstad vun der Republik Udmurtien a Russland. Si läit um Uwänner vun der Ij, engem Niewefloss vun der Kama, um hallwe Wee tëscht Kasan a Perm. Si huet bal 650.000 Awunner (Stand 2016), an ass vun der Waffenindustrie geprägt.
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ijewsk | |
---|---|
Land | Russland |
Federatiounskrees | Wolga |
Status | Republik |
Regioun | Udmurtien |
Gegrënnt | 1760 |
Awunner | 620.591 (1. Januar 2023) |
Fläch | 316 |
Koordinaten | 56°51'N, 53°13'O |
Telefonszon | 3412 |
Postcode | 426000–426999 |
Websäit | http://www.izh.ru/ |
Net wäit ewech vun der Plaz vun der spéiderer Stad gouf Eisenäerz fonnt, dobäi koum nach datt d'Ij sech fir Waasserkraaft staue geloosss huet, sou datt 1760 eng Schmelz gebaut gouf an déi éischt Aarbechterhaiser den Uert Ijewski (Ижевский) gebilt hunn. 1807 koum op Bedreiwe vum Zar Alexander I. eng Waffefabrik derbäi (haut Ijmasch). 1918 krut den Uert d'Stadrechter a säin haitegen Numm, dräi Joer drop gouf en d'Haaptstad vun Udmurtien. Kuerzzäiteg vun 1984 bis 1987 housch d'Stad Ustinow (Устинов) zu Éiere vum verstuerwene Marschall Dmitri Ustinow.
Et verwonnert net, datt de Jewgeni Dragunow vun Ijewsk ass, an de Michail Kalaschnikow vun 1949 u bis zu sengem Doud hei gelieft huet.
Commons: Ijewsk – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.