![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/33/Horst_Buchholtz_%2528cropped%2529.jpg/640px-Horst_Buchholtz_%2528cropped%2529.jpg&w=640&q=50)
Horst Buchholz
däitsche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Horst Buchholz, gebuer als Horst Werner Buchholz de 4. Dezember 1933 zu Berlin, an och do gestuerwen den 3. Mäerz 2003, war en däitsche Schauspiller.
Horst Buchholz | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Horst Werner Buchholz |
Gebuer |
4. Dezember 1933 Berlin |
Gestuerwen |
3. Mäerz 2003 Berlin |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Myriam Bru |
![]() |
Am Joer 1958 huet hie sech mat der franséischer Schauspillerin Myriam Bru bestuet. Hire Jong de Christopher Buchholz ass Schauspiller a Filmregisseur.
Mat dem Film Die Halbstarken vum Georg Tressler ass den Horst Buchholz bekannt ginn. Duerno huet hien an Däitschland nach Filmer wéi Robinson soll nicht sterben (1957) vum Josef von Báky, Monpti vum Helmut Käutner a Bekenntnisse des Hochstaplers Felix Krull (1957) vum Kurt Hoffmann matgespillt. International krut hien an England d'Haaptroll am Film Tiger Bay (1959) vum J. Lee Thompson. Weider grouss Filmer mat dem Horst Buchholz sinn The Magnificent Seven (1960) vum John Sturges an One, Two, Three (1961) vum Billy Wilder.