From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Himmelbaach ass eng lëtzebuergesch Baach am Kanton Wolz an de Gemenge Kiischpelt a Wolz. Bei der Administration de la gestion de l'eau huet se de Code 224.
Längt | 5300 Meter |
---|---|
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Et ass e lénksen Niewefloss vun der Wolz.
Si entsteet aus dem Zesummelaf vun der Fallbech an der Nirterbaach um Fouss vun der Kopp Hoppescht op enger Héicht vun 350 Meter (NG-L), eng ronn 1.450 Meter nërdlech vun Näertrech.
Vun do leeft se no Südosten, bis op Ierpeldeng wou just éier se ënner dem CR325 erduerch leeft, vu lénks d'Ierpeldengerbaach dobäi kritt. Vun do dréint se no Süde fir an engem schmuelen Dall tëscht Bëscher weiderzelafen. Um Fouss vun der Kopp Ramerich leeft op enger Héicht vun 301 M vu lénks d'Kirel dran. Op deem Zesummefloss dréint se dann no Südwesten, fir op enger Héicht vu ronn 280 Meter um Fouss vum Schlësserbierg an d'Wolz ze lafen.
D'Himmelbaach ass 5.300 Meter laang.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.