From Wikipedia, the free encyclopedia
De grousse Moundkrater Hertzsprung läit um Equator op der Äerdmoundrécksäit, ëstlech vun hirer Mëtt. Et ass eng vun de gréissten Rankstrukturen um Äerdmound.
De Moundkrater Hertzsprung mat Niewekrateren (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 1°22'12"N, 128°39'36"W |
---|---|
Duerchmiesser | 536,37 km |
Déift | onbekannt |
Selenographesch Längt | 140° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Ejnar Hertzsprung |
Genannt am Joer | 1970 |
Moundvéiereck | LQ09 |
De Grousskrater huet d'Form vun engem risegen Duebelrank, woubäi schonn de bannenzege Rank 250 km Duerchmiesser huet, an huet eng kreesfërmeg staark negativ Gravitéitsanomalie (negative Mascon), déi sech ronderëm an d'Positiivt ännert.
Am Zentrum vun der Formatioun leie ganz vill kleng Krateren, vun deenen de gréisste 50 km Duerchmiesser huet. De bannenzege Rank huet och zwou kuerz Kraterreien, de südleche baussenzege Rank huet zwou laanger mat jee iwwer 10 Eenzelkrateren, déi méiglecherweis Sekundärkratere vun engem gréisseren Aschlag sinn.
Genee déi selwecht Form vum Duebelrank ass och bei de südwestleche Risekrateren Apollo a Korolev ze gesinn. Sou hunn och déi dräi Groussstrukture vun der Moundrécksäit e Glach am Gravitatiounsbild (méi schwaach och zum Mare Orientale), wat op eng kollektiv Genesisgeschicht weist.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
D | 3,4° N, 126,2° W | 50 km | |
H | 1,28° S, 125,16° W | 20 km | |
K | 0,67° S, 128,48° W | 27 km | |
L | 0,22° N, 128,68° W | 35 km | |
M | 7,61° S, 129,85° W | 36 km | |
P | 0,14° S, 130,22° W | 22 km | |
R | 0,29° S, 132,83° W | 30 km | |
S | 0,42° N, 133,43° W | 46 km | |
V | 5,06° N, 134,17° W | 40 km | |
X | 3,66° N, 130,05° W | 25 km | |
Y | 8,77° N, 131,95° W | 25 km |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.