Henry Wickens
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Henry Wickens, gebuer den 18. Abrëll 1956 zu Henley-upon-Thames (UK), ass en engleschen Iwwersetzer, deen zu Lëtzebuerg lieft.
Séier Fakten Gebuer, Aktivitéit ...
Henry Wickens | |
---|---|
Gebuer | 18. Abrëll 1956 |
Aktivitéit | Iwwersetzer |
![]() |
Zoumaachen
Hie schafft zanter 1990 als Iwwersetzer beim Europa-Parlament a wunnt zanter deemools zu Waldbëlleg.
Zesumme mam Josiane Kartheiser an dem Gilbert Sondag huet hien 1995 d'Buch Parler luxembourgeois - Esou schwätze mir - Living Luxembourgish publizéiert. Hien huet dem A. A. Milne seng Kannerbicher Winnie-the-Pooh an The House at Pooh Corner op Lëtzebuergesch iwwersat. Béid Bicher sinn 2000 zu Esch-Sauer am Verlag Op der Lay erauskomm. Hien huet och The Hobbit vum J. R. R. Tolkien op Lëtzebuergesch iwwersat.