Märtyrer an chrëschtlechen Hellegen From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nereus war een nom griichesche Gott Nereus benannten Eunuch, deen am 3. Joerhonnert gebuer an ëm 304 zu Terracina an der Regioun Latium an Italien als Märtyrer gestuerwen ass.
Hellegen Nereus | |
---|---|
D'Flavia Domitilla mat deenen zwéi Bekéierten, Nereus an Achilleus (Peter Paul Rubens, 1608) | |
Titel | |
Biographie | |
Gebuer | 3. Joerhonnert |
Gestuerwen |
304 jul. Terracina |
Aner Informatiounen | |
Domitilla-Katakomben zu Rom | |
Mam Hellegen Achilleus zesumme war hien en Dénger vun der Flavia Domitilla, enger Niess vum réimesche Keeser Domotian, déi se allebéid zum chrëschtleche Glawe bekéiert hatt. Si sinn dunn op d'Insel Ponza verbannt an duerno zu Terracina gekäppt ginn.
Den Damasus I. bezeechent déi zwéin dogéint als Zaldoten, déi trei gedéngt hunn, dunn awer zum Chrëschtentum iwwergewiesselt sinn an du Märtyrer goufen.
Dem Nereus an dem Achilleus hir Griewer sollen an der Domitilla-Katakomb gewiescht sinn. Driwwer ass eng Basilika gebaut ginn déi no deenen zwéi benannt gouf an an där haut nach hir Reliquie solle sinn.
Dem Hellegen Nereus säin Dag ass den 12. Mee.
Commons: Hellegen Nereus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.