Theolog, Missionnaire a chrëschtlechen Hellegen From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paulus vun Tarsus (griichesch Παῦλος) war en Apostel aus dem Neien Testament an ee besonnesch wichtege Missionnaire vum fréie Chrëschtentum. Wéinst senge Bekéierungsmissiounen am Osten a senge laange Reesen, déi en dowéinst ënnerholl huet, gëtt en och nach Volleksapostel genannt.
Paulus vun Tarsus | |
---|---|
Den hellege Paulus op engem Bild vum Guercino (1591–1666) | |
Titel | |
Titel | Apostel |
Biographie | |
Gebuertsnumm | שאול התרסי, Saulus Tarsensis |
Gebuer |
5 jul. Tarsus |
Gestuerwen |
66 jul. Roum |
Doudesursaach | Käppen |
Nationalitéit | Réimescht Räich |
Aktivitéit |
Schrëftsteller, Theolog, Missionnaire, Geeschtlechen, Rabbiner, Reesenden, Handwierker |
Aner Informatiounen | |
Statut | Kanoniséierten Hellegen |
Gedenkdag | 12. Juli |
Vum Paulus fënnt ee véierzéng Bréiwer an der Bibel am Neien Testament. Si sinn u verschidde Vëlker geriicht, dorënner d'Réimer, d'Epheser, d'Galater, d'Thessaloniker an d'Korinther.
De Paulus gouf zu Tarsus, an der réimescher Provënz Kilikien, gebuer. Dowéinst hat hien och dat réimescht Biergerrecht. Säi jiddeschen Numm ass Saulus oder Sha'ul, säin Numm als réimesche Bierger Paulus. Als Beruff huet e Wiewer geléiert. Wéi et schéngt konnt e Griichesch, Hebräesch an och Aramäesch schwätzen.
Als jonke Mënsch ass en op Jerusalem gaangen, fir ze studéieren. Ausserdeem war en e Pharisäer. Hien huet och an den éischte Chrëschteverfollgungen eng Roll gespillt, hien huet als iwwerzeegte Judd d'Chrëschte fir geféierlech gehalen. Bei enger Rees op Damaskus, wou en och Chrëschte sollt verfollegen, krut hien eng Visioun vum Operstanene Christus. Doropshin ass e vu sengem Päerd gefall a blann ginn. Wéi en zu Damaskus ukomm war, huet hie sech deefe gelooss, du konnt en och erëm gesinn. Duerno gouf en ee vun de gréisste chrëschtleche Missionnairen.
Méi spéit huet en dräi laang Missiounsreesen ënnerholl an och déi véierzéng Bréiwer geschriwwen, déi een haut nach an der Bibel fënnt. Zu Caesarea gouf en du schlussendlech vu réimeschen Zaldote festgeholl, mä dat Schëff, mat deem e sollt op Roum gefouert ginn, ass virun der Insel Malta ënnergaangen.
Nodeem en trotzdeem zu Roum ukomm war, gouf e warscheinlech verhaft an agespaart. Ëm d'Joer 66 no Christus ass en dunn higeriicht ginn.
De Paulus vun Tarsus gëtt gemenkerhand mat den Attributer Buch a Schwäert duergestallt.
De Gedenkdag vum Apostel Paulus ass den 29. Juni, de selwechten Dag wéi dee vum Apostel Péitrus.
De liturgesche Gedenkdag ass de 25. Januar. Heibäi handelt et sech ëm d'Bekéierung vum hellege Paulus, zu Däitsch Pauli Bekehrung, deen Dag, un deem sech dee bis dohi jiddesche Saulus zum Chrëschtentum bekannt huet.
Hien ass de Patréiner vu Malta, Roum, Umbrien, Kavala (Griicheland), Posen (Polen) an de Diözeese Gliwice, Legnica a Münster. Hien ass och de Patréiner vun ë. a. den Theologen a Paschtéier, Wiewer, Kierfmécher, Seelmécher, Suedeler, Aarbechter; der kathoulescher Press; fir Reen a Fruchtbarkeet vun de Felder; géint Angscht a Besuergnes, Ouerekrankheeten, Krämp, Schlangebëss, Blëtz an Knëppelsteng; Patréiner vum Bistum
Fir un de Paulus vun Tarsus z'erënneren, ass zu Nidderkuer eng Strooss no him genannt: Rue St Paul. An der Stad Lëtzebuerg ass d'„Hollerecher Plaz“ nom Paulus a Péitrus genannt: Place Sts Pierre et Paul.
Commons: Paulus vun Tarsus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.