![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b3/St._Jakob_%2528Rothenburg_ob_der_Tauber%2529%252C_Circoncision.jpg/640px-St._Jakob_%2528Rothenburg_ob_der_Tauber%2529%252C_Circoncision.jpg&w=640&q=50)
Helleg Virhaut
From Wikipedia, the free encyclopedia
Déi Helleg Virhaut (lat. sanctum praeputium) vum Jesus ass eng Reliquie an der réimesch-kathoulescher Kierch, déi vum Jesus vun Nazaret stame soll.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b3/St._Jakob_%28Rothenburg_ob_der_Tauber%29%2C_Circoncision.jpg/640px-St._Jakob_%28Rothenburg_ob_der_Tauber%29%2C_Circoncision.jpg)
Wéinst der Himmelfaart vum Jesus si vu sengem Kierper nëmmen déi Deeler Rescht bliwwen, déi en an deem Ament net méi soll gehat hunn. Dozou gehéiert d'Virhaut, déi bei der Beschneidung (Brit Mila) den 8. Dag no der Gebuert vun engem jiddesche Jong am Tempel ewech geschnidde gëtt, wéi dat am Lukasevangelium 2,21 nozeliesen ass.
Am Mëttelalter hu ronn eng Dose Kierchen den Usproch erhuewen, am Besëtz vun där Reliquie ze sinn.
Bis zur Neiuerdnung vum Kierchejoer 1969 ass um 1. Januar d'Fest vun der Beschneidung (lat. Circumcisio Domini) an der Kathoulescher Kierch gefeiert ginn.