![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/48/Heliometer_-_Kuffner_Observatory.jpg/640px-Heliometer_-_Kuffner_Observatory.jpg&w=640&q=50)
Heliometer
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Heliometer ass en historescht Miessinstrument vun der Astronomie fir prezis Miessung vu ganz klenge Wénkel. E war ufanks fir d'Bestëmmung vun eventuelle Schwankunge vum Sonneradius resp. enger geduechter Sonnenofplattung gebraucht, gouf awer dann och fir Duerchmiesserbestëmmunge vun aneren Himmelskierper a fir Ofstands- a Positiounswénkelmiessunge vun Duebelstären agesat.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/48/Heliometer_-_Kuffner_Observatory.jpg/320px-Heliometer_-_Kuffner_Observatory.jpg)
Den Heliometer ass en equatorial (parallaktesch) montéierte Refrakter. Seng Objektivlëns nieft dem Duerchmiesser ass duerchgeschnidden; déi béid Deeler loosse sech eppes géintennee verréckeleen. Fir d'Miessung vun engem Wénkel tëscht zwéi noe Stäre ginn déi béid Deelbiller zur Koinzidenz bruecht an d'Verréckelung vun de Objektivhalschente mat engem Nonius gemooss. Bei der Sonn koinzidéiert een dogéint déi zwou géigesäiteg leiend Sonneränner.
Déi éischt Heliometer (Duebelbildmikrometer) goufe 1743 vum Servington Savary an England a 1748 vum Pierre Bouguer a Frankräich gebaut, spéider och - a besonnesch prezis - vum Joseph Fraunhofer. Mat sou engem Instrument huet de Friedrich Wilhelm Bessel 1838 déi éischt Fixstärparallax an och Distanz vum Stär 61 Cygni bestëmmt.
Kuckt ouch:
- Helios, heliographesch Koordinaten
- Wénkelmiessung, Mikrometer (Optik), annuell Parallax