Heard- a McDonald-Inselen
australescht Baussegebitt am Indeschen Ozean / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Heard- a McDonald-Inselen (englesch Heard Island and McDonald Islands) sinn en australescht Baussegebitt am südlechen Indeschen Ozean. Den Territoire huet déi offiziell Bezeechnung Territory of Heard Island and McDonald Islands.
Séier Fakten Geographie, Kontinent ...
Heard- a McDonald-Inselen | |
---|---|
Geographie | |
Kontinent | Antarktika |
Land | Australien |
Läit an/am | Indeschen Ozean |
Koordinaten | 53°5'38"S, 73°31'1"O |
Fläch | 368 km² |
Héchste Punkt | Mawson Peak (2.745 m) |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Australien |
Haaptuert | keng |
Demographie | |
Awunner | 2 |
Awunnerdatum | 1. Januar 2011 |
Aner Informatiounen | |
Entdeckt | 27. November 1833 |
Zäitzon | UTC+5 |
Internet TLD | .hm |
Zoumaachen
D'Inselregioun gouf ursprénglech vum Vereenegte Kinnekräich beusprocht, ass awer 1947 un Australien iwwergi ginn. D'Insele gi vun der Australian Antarctic Division vum australesche Ministère fir Agrikultur, Waasser an Ëmwelt zu Canberra geréiert.
D'Gebitt steet zanter 1997 op der UNESCO Lëscht vum Weltierwen.