Harvard Universitéit
Universitéit zu Cambridge, am Massachusetts / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Harvard Universitéit (kuerz Harvard) ass eng privat Universitéit zu Cambridge, am Massachusetts am Groussraum Boston op der Ostküst vun den USA. D'Héichschoul gouf am Joer 1636 vun der Massachusetts Bay Colony gegrënnt an ass domat déi eelst Universitéit an de Vereenegte Staaten. D'Ëmbenennung ass am Joer 1639 geschitt, als Unerkennung vun der Ierfschaft vum John Harvard.
Séier Fakten Typ, Land ...
Harvard University | |
---|---|
Typ | Fuerschungsuniverstéit |
Land | USA |
Schülerzuel | 36.012 |
8. August 2018; 1. September 2021 | |
Gegrënnt | 8. September 1636 |
Um Spaweck | https://harvard.edu |
Zoumaachen
D'Harvard Universitéit gehéiert zu der „Ivy League“, enger Sportliga vu privaten Universitéiten am Nordoste vun de Vereenegte Staaten. Weiderhin ass si Grënnungsmember vun der Association of American Universities, déi zanter 1900 de Verband vu fuerschungsintensiven nordamerikaneschen Universitéiten ass.