Hans Christian Blech
däitsche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Hans Christian Blech, gebuer den 20. Februar 1915 zu Darmstadt, a gestuerwen de 5. Mäerz 1993 zu München, war en däitsche Schauspiller.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Hans Christian Blech | |
---|---|
Gebuer |
20. Februar 1915 Darmstadt |
Gestuerwen |
5. Mäerz 1993 München |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller |
Member vun | Bayerische Akademie der Schönen Künste |
Zoumaachen
Säi Filmdébut hat den Hans Christian Blech 1948 am DEFA-Film Affaire Blum. Duerno koume Filmer wéi 08/15 (1954) vum Paul May, Sauerbruch - Das war mein Leben (1955) vum Rolf Hansen an Das Erbe von Björndal (1960) vum Gustav Ucicky. International huet hie Rollen an de Filmer The Longest Day (1962) vum Ken Annakin, Bernhard Wicki an Andrew Marton, Morituri (1965) vum Bernhard Wicki an a La chair de l'orchidée (1974) vum Patrice Chéreau gespillt. Hie war awer och a Filmer vun de Regisseuren Hans W. Geissendörfer Claude Chabrol, Wim Wenders a Reinhard Hauff ze gesinn.