![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/ff/Rambrouch_Halifax_crash_site_1942_a.jpg/640px-Rambrouch_Halifax_crash_site_1942_a.jpg&w=640&q=50)
Halifax-Bomber-Crash bei Rammerech
From Wikipedia, the free encyclopedia
An der Nuecht vum 9. September 1942 ass den Halifax-Bomber W7677 vun der Royal Air Force (R.A.F.), deen zu Frankfurt am Main bei enger Bomberattack vun der däitscher Flak getraff an duerno Feier gefaangen hat, um Wee zeréck no England, bei Rammerech an engem Bësch ofgestierzt. Dobäi ass de Fliger explodéiert an ausgebrannt.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/ff/Rambrouch_Halifax_crash_site_1942_a.jpg/640px-Rambrouch_Halifax_crash_site_1942_a.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7e/Luxembourg_Rambrouch_cemetery_RAF_tombs_1942_a.jpg/640px-Luxembourg_Rambrouch_cemetery_RAF_tombs_1942_a.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/6f/Rambrouch_Luxemb_Plaque_War_Graves.jpg/640px-Rambrouch_Luxemb_Plaque_War_Graves.jpg)
Véier vun deene siwe Besatzungsmembere konnte sech net wäit vu Rammerech mam Fallschierm retten, déi dräi aner si mam Fliger ofgestierzt an dobäi ëm d'Liewe komm.
D'Läiche vun deenen dräi Aviateure goufe vun den Däitschen um Kierfecht zu Rammerech begruewen. Nom Krich kruten hir Griewer jee en englesche Grafsteen.
Op der Plaz vum Accident huet nom Krich de Martin Scheeck, dee Muerges nom Crash op der Plaz war, e Kräiz aus Waasserleitungsréier opgeriicht, op deem d'Nimm vun deenen dräi Verongléckte gravéiert sinn. Virum Kräiz huet hie Stécker vum Fliger zesummegedroen. Dëst klengt Monument besteet bis haut (2010). Och kann een 2010 nach ëmmer kleng Aluminiumstécker vum Fliger am Ëmkrees vun der Onglécksplaz fannen.
Den 10. Oktober 1992 gouf bei der Gemeng zu Rammerech e Monument zu Éiere vun deenen dräi Verongléckten ageweit.
Nom Krich gouf de Kierfecht vu Rammerech als Commonwealth-Graf deklaréiert.