Haile Selassie I. vun Ethiopien
Regent vu Ethiopien an de leschte Keeser vun Abessinien / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Haile Selassie I. vun Ethiopien (op Amharesch: ቀዳማዊ ኃይለ ሥላሴ, Qädamawi Haylä Səllase, wuertwiertlech iwwersat „Muecht vun der Dräifaltegkeet, den Éischten“, gebuer den 23. Juli 1892 als Täfäri Mäkʷännən (ተፈሪ መኰንን) zu Edjersso, an der Provënz Hararghe (Ethiopien), a gestuerwen de 27. August 1975 zu Addis Abeba, war vun 1916 bis 1930 Regent vun Ethiopien a vun 1930 bis 1936 an duerno nees vun 1941 bis 1974 de leschte Keeser vun Abessinien.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Haile Selassie I. vun Ethiopien | |
---|---|
Den Haile Selassie I. am Joer 1923 | |
Gebuertsnumm | Täfäri Mäkonnän |
Gebuer | 23. Juli 1892 |
Gestuerwen |
27. August 1975 Addis Abeba |
Aktivitéit | Politiker, Monarch |
Zoumaachen
Säin Herrschertitel war Neguse Negest („Kinnek vun de Kinneken“) an hie selwer huet sech den 225. Nofollger vum Kinnek Salomon genannt. Säi Prënzennumm war Lij-a Ras Täfäri Mäkonnen (ልጅ ራስ ተፈሪ መኰንን). Vun der Glawensrichtung vun de Rastafari hir, gëtt den Haile Selassie als de Messias veréiert.