![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7a/Nursery_of_New_Stars_-_GPN-2000-000972.jpg/640px-Nursery_of_New_Stars_-_GPN-2000-000972.jpg&w=640&q=50)
H-II-Gebitt
From Wikipedia, the free encyclopedia
H-II-Gebidder sinn interstellar Gaswolleken déi liichten, mat engem Duerchmiesser deen dacks méi wéi e puer 100 Liichtjoer huet, an an deene Stäregebuerten entstinn. Jonk, waarm, blo Stären,déi duerch d'Gasemissioun entstane sinn, sende vill ultraviolett Liicht aus, dat den Niwwel ëm si ioniséiert.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7a/Nursery_of_New_Stars_-_GPN-2000-000972.jpg/640px-Nursery_of_New_Stars_-_GPN-2000-000972.jpg)
An H-II-Gebidder entstinn Dausende vun neie Stären an enger Zäitperiod vun e puer Millioune Joer. Um Enn féieren awer Supernovaexplosiounen a Stärewand vun de gréisste Stären dozou, datt de Gas vum H-II-Gebitt zerstreet gëtt. Zeréck bleift e Stärekoup wéi d'Plejaden.
D'H-II-Gebidder hunn hiren Numm, well an hinne grouss Quantitéite vu ioniséiertem atomarem Waasserstoff, sinn, wougéint an H-I-Gebidder neutralen atomare Waasserstoff a molekulare Waasserstoff (H2) sinn. H-II-Gebidder kënnen am Universum nach op ganz groussen Distanzen ausgemaach ginn. Dofir ass d'Ënnersiche vun extragalakteschen H-II-Gebidder hëllefräich, fir d'Distanzen an d'cheemesch Zesummesetzung vun anere Galaxien z'ermëttelen.