Hëllef:Tabellen
From Wikipedia, the free encyclopedia
Tabelle sinn eng strukturéiert Duerstellung vun Informatiounen. Si hunn de Virdeel, vis-à-vis vu Lëschten, datt si méi Informatiounen, déi visuell a semantesch strukturéiert sinn, kënnen erfaassen.
Well Tabelle méi komplizéiert si wéi normalen Text, solle se nëmmen do agesat ginn, wou et wierklech néideg ass fir eng besser Iwwersiicht ze hunn. Anerefalls kann eng Lëscht genee de selwechten Déngscht leeschten.[1]
D'Wikipedia huet eng eegen Syntax fir Tabellen ze maachen. Déi klassesch HTML-Syntax kann och agesat ginn.