From Wikipedia, the free encyclopedia
Dës Säit soll et erméiglechen, Froen iwwer d'Ausgesinn an d'Fonktionnéiere vu Schablounen, Textbausteng, Këschten asw. ze stellen, oder awer ze diskutéieren, wéi bestëmmt Këschte sollen ausgesinn, wat fir Informatiounen dra solle sinn, asw., wat och Froen zum Abanne vu Wikidata-Elementer (wat a wéi) betreffe géif.
D'Majoritéit vun den neie Schabloune wäerten op d'Date vu Wikidata zougräifen. Ech invitéieren d'Wikipedianer déi ze fëllen, et kann een de Wikidata zougräifen andeems een op de Barcode vun der Schabloun klickt.
Ier ech iwwer Wikidata schwätzen fänken ech mat enger Erklärung vun der Geschicht vu sengem "Papp" Freebase. Freebase ass eng Datekollektioun vu Wëssen, an de Bësetzer (Metaweb) gouf vu Google am Joer 2010 opkaaft. Déi eeler Infoboxen déi op Google ze gesi waren, waren deelweis vun den Donnéeën aus Freebase entstanen. 16. Dezember 2014 gouf annoncéiert datt Freebase agestallt gëtt an d'Donnéeën op Wikidata geréckelt ginn. Wikidata ass den 30. Oktober 2012 lancéiert ginn. De Projet gouf erstallt vu Wikimedia Deutschland a gesponsort vun Allen Institute for Artificial Intelligence, Gordon and Betty Moore Foundation a Google.
D'Wikidata impaktéiert sou gutt wéi all Sichmaschinnen. Bing Maps (Microsoft) huet z. B. Melbourne falsch placéiert well d'Geokoordinaten vu Melbourne op Wikidata falsch waren[1]. Mer kënnen och "einfach behaapten" datt Google déi Donnéeën och benotzt soss géif d'Firma net hir Datebank a Wikidata integréieren an de Projet finanzéieren. D'"Voice Assistents" (Siri, Google Assistent, Alexa, ...) benotze sécher déi Donnéeë well se sou kënne se genee op d'Froen äntweren. Persounen déi e "komplette" Wikidata hu ginn op Google riets als Këscht ugewisen. Beispill: Peter Gilles oder Batty Weber. Wann ee mam Smartphone/Tablet op der Wikipedia zougräift mierkt een datt e "Kuckt och" automatesch ënnen op der Säit generéiert gëtt, fir déi ze generéiere ginn d'Donnéeë vu Wikidata an d'Zougrëffsunzuel gekuckt.
Et geet sou wäit datt een och de Facebook, Twitter
E Wikidata vun enger Persoun déi gutt gemaach ass placéiert e virrangeg.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.