Hélène Boucher
franséisch Pilotin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Hélène Antoinette Eugénie Boucher, gebuer den 23. Mee 1908 zu Paräis, a gestuerwen den 30. November 1934 bei Guyancourt, war eng franséisch Pilotin.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Hélène Boucher | |
---|---|
Gebuer |
23. Mee 1908 Paräis |
Gestuerwen |
30. November 1934 Guyancourt |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Pilot |
Zoumaachen
D'Hélène Boucher huet 1934 de Vitessrekord mam Fliger iwwer eng Distanz vun 100 km gebrach (Moyenne 485 km/h). Si gouf domat deemools déi séierst Fra op der Welt.
Si hat och déi Zäit mat 5.200 Meter den Héichterekord an nach aacht aner Weltrekorder mam Fliger.
Si koum mat 26 Joer ëm d'Liewen, wéi bei engem Trainingsfluch hire Fliger an der Géigend vu Versailles iwwer dem Bësch vu Guyancourts erofgefall ass.
D'Hélène Boucher war déi éischt Fra déi am Paräisser Invalidendoum opgeboort gouf.
Si gouf um Kierfecht vun der klenger Gemeng Yermenonville an der Beauce begruewen.